+++ Merci fir déi 2 lescht Schouljoeren - ech hunn all eenzelnen Dag gäer mat iech geschafft - Schéi Vakanz a vill Gléck an Erfolleg am Lycée +++

Willkommen auf unserer Klassenhomepage

Die Schülerinnen und Schüler des Lernzyklus 4 aus Steinfort und ihr Lehrer Jean-Paul Rollinger begrüßen alle Besucher unserer Homepage.

Mittwoch, 15. Juli 2015

Äddi alleguer a villmols Merci fir zwee flott a schéi Schouljoeren mat iech zesummen

Ech soen heimat ménge Kanner aus der Klass vum Cycle 4 2013/2015 nach eng Kéier e grousse MERCI fir déi schéi Rieden um leschte Nomëtteg zesummen an der Klass.
MERCI fir dee flotte Cadeau mat de Fotoen, fir déi schéi Maus mat mengen Hobbys a fir einfach alles.
D'Fotoen vum leschten Dag sinn an der Fotogalerie ze gesinn.

Ech wënschen all méngen Schülerinnen a Schüler elo eng erhuelsam Vakanz an hoffen, dass mir och weiderhin de Kontakt behalen.
Fir ofzeschléissen schreiwen ech dee leschte Saz vu ménger Abschlussried nach eng Kéier heihin.



Merci fir déi schéin Zäit, déi mir zesummen haten, Merci dass ech mat iech konnt zesumme schaffen, et war mir eng Freed an eng Éier dass dir zwee Joer laang meng Schülerinnen a Schüler waart.

Schéi Vakanz an alles Guddes fir äer Zukunft.

äere Jean-Paul

Dienstag, 14. Juli 2015

Fotoen vum Cycle 4 aus den 2 Schouljoeren 2013-2015

Ganz vill Fotoen (an domat Erënnerungen) un déi lescht 2 Joer fannt dir an eiser Fotogalerie.
Klickt einfach op d'Foto fir an d'Galerie ze kommen.

Samstag, 27. Juni 2015

Visp 2015 vum 29.6. bis 4.7.2015

All d'Fotoen an Informatiounen iwwer eise Séjour an der Schwäiz fannt dir ab dem nächste Méindeg op