+++ Merci fir déi 2 lescht Schouljoeren - ech hunn all eenzelnen Dag gäer mat iech geschafft - Schéi Vakanz a vill Gléck an Erfolleg am Lycée +++

Willkommen auf unserer Klassenhomepage

Die Schülerinnen und Schüler des Lernzyklus 4 aus Steinfort und ihr Lehrer Jean-Paul Rollinger begrüßen alle Besucher unserer Homepage.

Freitag, 7. Dezember 2012

Chrëschtmaart 2012 zu Stengefort op der Gemengeplaz

Och dëst Joer ass eis Schoul erëm mat engem Stand um Chrëschtmaart vertrueden.
Weider Infoen um Site vun der Gemeng http://steinfort.lu/3481/chreschtmaart-2011

Zum Ofschloss vum Chrëschtmaart de Sonndeg, 16. Dezember sangen iwwer 40 Schoulkanner aus de Cyclen 3 a 4 Chrëschtlidder an der Kierch.

De Programm mat allen Detailer fannt dir hei:

Cm2012_2

Oder als PDF fir erofzelueden:

cm2012_2.pdf Download this file

Posted via email from Lernzyklus 4 / Steinfort (Lehrer J-P Rollinger)

Sonntag, 15. Juli 2012

Schöne Ferien - Bonnes vacances - Schéi Vakanz - Bom feriado

Léif Schülerinnen a Schüler,
Elo ass Vakanz. Et war och Zäit dofir, well mir hunn alleguer gudd geschafft an dësem Schouljoer.
Nach nie virdrun ass e Schouljoer sou séier erriwwer gaang wéi dëst.An dat ass virun alle äre Verdingscht, well mir souzesoen keng wierklech "Problemer" haten.Mir hu mir ganz vill zesumme geléiert an och vill zesummen erlieft.Ech soen iech all Merci fir déi flott Zäit déi mir bis elo zesummen haten.
Dem Jeff wënsche mir alles Guddes a sénger neier Schoul!
Ech wënschen iech an ärer Famill dofir och elo eng schéi Vakanz. Erhuelt iech alleguer gudd, dass dir fir de Start an dat neit Schouljoer och fit sidd.Dat neit Schouljoer 2012/2013 fänkt méindes, de 17. September 2012 ëm 8 Auer un.Ech hoffen, dass mir eis all gesond a monter am 6. Schouljoer erëmgesinn.

bis dann
Jean-Paul

Posted via email from Lernzyklus 4 / Steinfort (Lehrer J-P Rollinger)

De leschte Schouldag am 5. Schouljoer

Mittwoch, 11. Juli 2012

Scheckiwwerreechung vun 2500€ fir d'UNICEF

Haut de Moien hunn d'Schoulkanner der UNICEF e Scheck iwwer 2500€ iwwerreecht.
Dëst Geld ass den Erléis vun eiser Bicherwoch déi mir am Mee organiséiert haten.
Mir ënnerstëtzen domat de Projet "Des écoles pour l'Afrique", méi genee e Projet op Madagaskar.
An deem Kader hunn d'Mataarbechter vun der Unicef eis och interessant a léierräich Informatiounen iwwert de weltwäiten Asaz vun UNICEF ginn.

Scheckiwwerreechung vun 2500€ fir d'UNICEF

Scaf_fiche_projet.pdf Download this file

Posted via email from Lernzyklus 4 / Steinfort (Lehrer J-P Rollinger)

Montag, 9. Juli 2012

Jahresabschlussfahrt 2012 des Lernzyklus 4.1 (5. Klasse) ins Ferienhaus "Sandkaul" nach La Panne

Vom Freitag, 6. Juli bis Sonntag, 8. Juli 2012 verbrachten wir drei schöne Tage in der "Sandkaul", dem Ferienhaus des Luxemburger Roten Kreuzes in La Panne.
Leider hat das Wetter diesmal nicht so richtig mitgespielt, so dass wir La Panne auch mal bei Regen erleben konnten.
Wir bedanken uns bei Steffi Linster, Saskia Schmitt und Sarah Diederich für ihre Teilnahme und wertvolle Hilfe bei dieser Klassenfahrt.
Ohne ein gutes und verlässliches Team sind solche Klassenfahrten nicht durchzuführen :-)
Die Fotos sind wie üblich in unserer Fotogalerie zu sehen. Weitere Galerien werden folgen...
11-12: La Panne 2012

Dienstag, 8. Mai 2012

Bicherwoch 2012 - Konferenz

Bicherdeeg
D’Grondschoul vu Stengefort invitéiert op d’Aktivitéite vun der Bicherwoch
Konferenz de Mëttwoch, 9. Mee 2012 um 19:30 Auer
„Liesen – Freed an Eescht“
Vum Här an der Madame Guy a Lise Linster  (mat gläichzäiteger mëndlecher Iwwersetzung op Franséisch) an der Maison Relais zu Stengefort. Fräi Entrée
Fir weider Renseignementer : Tel.399 313 311

Posted via email from Lernzyklus 4 / Steinfort (Lehrer J-P Rollinger)

Freitag, 2. März 2012

Virliesconcours 2012

Bis zum Enn vum 2. Trimester siche mir am Kader vum Virliesconcours an eise Klasse vum Cycle 4 déi bescht Virlieserinnen Virlieser.
Méi Informatiounen dozou stinn an dem PDF Dokument.

virliesconcours2012.pdf Download this file

Posted via email from Lernzyklus 4 / Steinfort (Lehrer J-P Rollinger)