Léif Schülerinnen a Schüler,
Endlech ass Vakanz. Sou denke ganz bestëmmt vill vun iech.
Et war effektiv e stressegt Joer fir iech an och fir mech. An awer hu mir ganz vill zesumme geléiert an et fäerdeg bruecht méi zesummenzewuessen als Klass.
Ech soen iech all Merci fir déi flott Zäit déi mir bis elo zesummen haten.
Ech wënschen iech an ärer Famill dofir och elo eng schéi Vakanz. Erhuelt iech alleguer gudd, dass dir fir de Start an dat neit Schouljoer och fit sidd.
Dat neit Schouljoer 2010/2011 fänkt mëttwochs, de 15. September 2010 ëm 8 Auer un.
Ech hoffen, dass mir eis all gesond a monter am 6. Schouljoer erëmgesinn.
Posted via email from Lernzyklus 4 / Steinfort (Lehrer J-P Rollinger)