+++ Merci fir déi 2 lescht Schouljoeren - ech hunn all eenzelnen Dag gäer mat iech geschafft - Schéi Vakanz a vill Gléck an Erfolleg am Lycée +++

Willkommen auf unserer Klassenhomepage

Die Schülerinnen und Schüler des Lernzyklus 4 aus Steinfort und ihr Lehrer Jean-Paul Rollinger begrüßen alle Besucher unserer Homepage.

Donnerstag, 16. Juli 2009

Eddi alleguer a villmols Merci fir zwee schéin Joeren

Ech soen heimat ménge Kanner aus der Klass vum 5. - 6. Schouljoer 2007/2009 nach eng Kéier e grousse Merci, fir alles wat si mat den Elteren fir mech organiséiert haten.
D'Feier um Schwarzenhaff mam Lidd a mat deem schéine Bild wäert ech net vergiessen.
E grousse Merci och fir d'Invitatioun op d'Abschlussparty.
D'Fotoen vun denen leschten zwee Deeg sinn an der Fotogalerie ze gesinn.
Ech wënschen all méngen Schülerinnen a Schüler elo eng erhuelsam Vakanz an hoffen, dass mir och weiderhin de Kontakt behalen.
Fir ofzeschléissen schreiwen ech dee leschte Saz vu ménger Abschlussried nach eng Kéier heihin.

Merci dass ech mat iech konnt zesumme schaffen, et war mir
eng Freed, dass dir zwee Joer laang meng Schülerinnen a Schüler waart.

bis spéitstens de 14. September beim Joan doheem
äere Jean-Paul