+++ Merci fir déi 2 lescht Schouljoeren - ech hunn all eenzelnen Dag gäer mat iech geschafft - Schéi Vakanz a vill Gléck an Erfolleg am Lycée +++

Willkommen auf unserer Klassenhomepage

Die Schülerinnen und Schüler des Lernzyklus 4 aus Steinfort und ihr Lehrer Jean-Paul Rollinger begrüßen alle Besucher unserer Homepage.

Montag, 21. Dezember 2009

Concert um Chrëschtmaart 2009

Zum Ofschluss vum Chrëschtmaart war de leschte Sonndeg, 20. Dezember um 18h e Concert, deen vu 41 Schoulkanner aus dem Cycle III a Cycle IV gesongen gouf.
E grousse Merci fir hiren Asaz bei de Prouwen a beim Concert.
Merci och dem Carine an dem Conny fir hir Hëllef!!!

D'Fotoen sinn wéi gewinnt online ze gesinn.
Klickt einfach op d'Diashow.

Chrëschtmaart 2009 zu Stengefort

Mir hunn de leschte Sonnden zu Stengefort um Chrëschtmaart Bastelsaachen am Chalet vun der Schoul verkaft.
D'Fotoen sinn an der Billergalerie ze gesinn.

Donnerstag, 17. Dezember 2009

Concert um Chrëschtmaart

D'Schoulchorale séngt de Sonnden,20. Dezember 2009 um 18:00 Auer zum Ofschloss vum Chrëschtmaart eng Stonn laang al a modern Chrëschtlidder.
Dir sidd alleguer häerzlech invitéiert.

Concert am CPG zu Stengefort

Mat eiser "Schoulchorale" vun de Klassen 3.1 bis 4.2 hu mir zu Stengefort am Centre psycho-gériatrique Chrëschtlidder fir déi d'Résidents an d'Non-résidents gesongen.
Domat droen mir eisen Deel derzou bei, dass déi Leit net vergiess ginn.
Merci deene 47 Sängerinnen a Sänger déi do matgemaach hunn.


09-10: d'Schoulchorale séngt Chrëschtlidder am CPG zu Stengefort

Update Dezember

An eiser Fotogalerie sinn eng ganz Rei nei Biller vun eisen Aktivitéiten ze gesinn.

09-10: Letzter Werktag vor dem Weihnachtsmarkt

09-10: Unser Weihnachtsbaum


09-10: Zweitletzter Werktag vor dem Weihnachtsmarkt




09-10: Mir schaffen mam Wochenplan

Samstag, 19. September 2009

En neit Schoujoer

Virun e puer Deeg huet dat neit Schouljoer ugefaang.
15 Kanner aus deene 4 Dierfer vun eiser Gemeng sinn an eiser Klass an léieren elo am Cycle 4 ganz vill Neies.
De Moment sinn mir nach all derbäi eis kennen ze léieren, mee trotzdem get schon fläisseg geschafft.
Hei ass eng Gruppefoto déi mir de 16. September nom Schoulgottesdéngscht gemaach hunn.














Weider Fotoen sinn an der Fotogalerie ze fannen. Klickt einfach dorop.

Donnerstag, 16. Juli 2009

Eddi alleguer a villmols Merci fir zwee schéin Joeren

Ech soen heimat ménge Kanner aus der Klass vum 5. - 6. Schouljoer 2007/2009 nach eng Kéier e grousse Merci, fir alles wat si mat den Elteren fir mech organiséiert haten.
D'Feier um Schwarzenhaff mam Lidd a mat deem schéine Bild wäert ech net vergiessen.
E grousse Merci och fir d'Invitatioun op d'Abschlussparty.
D'Fotoen vun denen leschten zwee Deeg sinn an der Fotogalerie ze gesinn.
Ech wënschen all méngen Schülerinnen a Schüler elo eng erhuelsam Vakanz an hoffen, dass mir och weiderhin de Kontakt behalen.
Fir ofzeschléissen schreiwen ech dee leschte Saz vu ménger Abschlussried nach eng Kéier heihin.

Merci dass ech mat iech konnt zesumme schaffen, et war mir
eng Freed, dass dir zwee Joer laang meng Schülerinnen a Schüler waart.

bis spéitstens de 14. September beim Joan doheem
äere Jean-Paul

Dienstag, 14. Juli 2009

2007-2009

Den 1. Oktober 2007 hate mir eng Gruppefoto vun eiser Klass am 5. Schouljoer gemaach.
No bal 2 Joer hu mir de 14. Juli 2009 déi selwecht Foto op däer selwechter Plaz widderholl. An do kann een mol gesinn, wéi "aus de Kanner Leit ginn".
14. Juli 2009


1. Oktober 2007

Montag, 13. Juli 2009

Abschlussfahrt der 6. Klasse ins Ferienhaus "Sandkaul" nach La Panne

Dem Wunsch aller SchülerInnen der Klasse folgend haben wir auch dieses Jahr vom Freitag, 10. Juli bis Sonntag, 12. Juli 2009 drei herrliche Tage im Ferienhaus des Luxemburger Roten Kreuzes "Sandkaul" in La Panne verbracht.
Diese Fahrt war dann auch gleichzeitig unsere Abschlussfahrt der 6. Klasse.
Wir bedanken uns bei Carine Linster, Steffi Linster, Nadja Prange und Saskia Schmitt für ihre Teilnahme und Hilfe bei dieser Klassenfahrt.
Die Fotos sind wie üblich in unserer Fotogalerie zu sehen.



Mittwoch, 1. April 2009

Klassenfahrt nach Bruxelles

Am Mittwoch, den 1. April 2009 (KEIN APRILSCHERZ) sind die zwei 6. Klassen zum Abschluss des Geografie-Projekts "Ein europäisches Land stellt sich vor" zur Besichtigung des Mini-Europe nach Bruxelles gefahren.




Weitere Fotos unserer Fahrt nach Bruxelles sind in der Fotogalerie der Klasse von Christian Kohnen zu sehen.