Seiten

Mittwoch, 16. Juli 2014

Schöne Ferien - Bonnes vacances - Schéi Vakanz - Bom feriado

Léif Schülerinnen a Schüler,
Elo ass emol Vakanz. Ech mengen et war och Zäit dofir well zum Schluss ware mir alleguer ziemlech midd.
Mir hunn alleguer zesummen gutt geschafft an dësem Schouljoer an d'Wochen sinn immens séier vergaangen.
Mir hu mir ganz vill zesumme geléiert an och vill zesummen erlieft. Ech soen iech all Merci fir déi flott Zäit déi mir bis elo zesummen haten.
Dem Luis, dem Rijad, dem Carla an dem Cyril wënsche mir alles Guddes an hire neie Schoulen!
Ech wënschen iech an ärer Famill eng schéi Vakanz. Erhuelt iech alleguer gudd, dass dir fir de Start an dat neit Schouljoer och fit a gutt erholl sidd. Dat neit Schouljoer 2014/2015 fänkt méindes, de 15. September 2014 ëm 8 Auer un.
Ech hoffen, dass mir eis all gesond a monter am 6. Schouljoer erëmgesinn.
bis dann :-)
Jean-Paul