Willkommen auf unserer Klassenhomepage
Die Schülerinnen und Schüler des Lernzyklus 4 aus Steinfort und ihr Lehrer Jean-Paul Rollinger begrüßen alle Besucher unserer Homepage.
Mir hunn de 16. September 2009 eng Gruppefoto vun eiser Klass gemaach, déi mir gëschter um leschte Schouldag widderholl hunn an dorun kann jidderee gesinn, dass sech an deenen 2 Joer wierklech vill geännert huet. Aus „klenge“ Kanner sinn „jonk“ Leit ginn.
15. Juli 2011
16. September 2009
Posted via email from Lernzyklus 4 / Steinfort (Lehrer J-P Rollinger)
Ech soen heimat ménge Kanner aus der Klass vum Cycle 4 2009/2011 nach eng Kéier e grousse Merci fir déi vill Geschenker a fir déi schéin Wierder beim leschte Klassenrat.
D'Fotoen vum leschten Dag sinn an der Fotogalerie ze gesinn.
Ech wënschen all méngen Schülerinnen a Schüler elo eng erhuelsam Vakanz an hoffen, dass mir och weiderhin de Kontakt behalen.
Fir ofzeschléissen schreiwen ech dee leschte Saz vu ménger Abschlussried nach eng Kéier heihin.
Merci fir déi Zäit, déi mir zesummen haten, ech si frou dass ech iech als meng Schülerinnen a Schüler an deenen zwee Joer sou wäit bruecht hunn.
äere Jean-Paul
Posted via email from Lernzyklus 4 / Steinfort (Lehrer J-P Rollinger)