Seiten

Montag, 21. Dezember 2009

Concert um Chrëschtmaart 2009

Zum Ofschluss vum Chrëschtmaart war de leschte Sonndeg, 20. Dezember um 18h e Concert, deen vu 41 Schoulkanner aus dem Cycle III a Cycle IV gesongen gouf.
E grousse Merci fir hiren Asaz bei de Prouwen a beim Concert.
Merci och dem Carine an dem Conny fir hir Hëllef!!!

D'Fotoen sinn wéi gewinnt online ze gesinn.
Klickt einfach op d'Diashow.

Chrëschtmaart 2009 zu Stengefort

Mir hunn de leschte Sonnden zu Stengefort um Chrëschtmaart Bastelsaachen am Chalet vun der Schoul verkaft.
D'Fotoen sinn an der Billergalerie ze gesinn.

Donnerstag, 17. Dezember 2009

Concert um Chrëschtmaart

D'Schoulchorale séngt de Sonnden,20. Dezember 2009 um 18:00 Auer zum Ofschloss vum Chrëschtmaart eng Stonn laang al a modern Chrëschtlidder.
Dir sidd alleguer häerzlech invitéiert.

Concert am CPG zu Stengefort

Mat eiser "Schoulchorale" vun de Klassen 3.1 bis 4.2 hu mir zu Stengefort am Centre psycho-gériatrique Chrëschtlidder fir déi d'Résidents an d'Non-résidents gesongen.
Domat droen mir eisen Deel derzou bei, dass déi Leit net vergiess ginn.
Merci deene 47 Sängerinnen a Sänger déi do matgemaach hunn.


09-10: d'Schoulchorale séngt Chrëschtlidder am CPG zu Stengefort