+++ Merci fir déi 2 lescht Schouljoeren - ech hunn all eenzelnen Dag gäer mat iech geschafft - Schéi Vakanz a vill Gléck an Erfolleg am Lycée +++

Willkommen auf unserer Klassenhomepage

Die Schülerinnen und Schüler des Lernzyklus 4 aus Steinfort und ihr Lehrer Jean-Paul Rollinger begrüßen alle Besucher unserer Homepage.

Mittwoch, 15. Juli 2015

Äddi alleguer a villmols Merci fir zwee flott a schéi Schouljoeren mat iech zesummen

Ech soen heimat ménge Kanner aus der Klass vum Cycle 4 2013/2015 nach eng Kéier e grousse MERCI fir déi schéi Rieden um leschte Nomëtteg zesummen an der Klass.
MERCI fir dee flotte Cadeau mat de Fotoen, fir déi schéi Maus mat mengen Hobbys a fir einfach alles.
D'Fotoen vum leschten Dag sinn an der Fotogalerie ze gesinn.

Ech wënschen all méngen Schülerinnen a Schüler elo eng erhuelsam Vakanz an hoffen, dass mir och weiderhin de Kontakt behalen.
Fir ofzeschléissen schreiwen ech dee leschte Saz vu ménger Abschlussried nach eng Kéier heihin.



Merci fir déi schéin Zäit, déi mir zesummen haten, Merci dass ech mat iech konnt zesumme schaffen, et war mir eng Freed an eng Éier dass dir zwee Joer laang meng Schülerinnen a Schüler waart.

Schéi Vakanz an alles Guddes fir äer Zukunft.

äere Jean-Paul

Dienstag, 14. Juli 2015

Fotoen vum Cycle 4 aus den 2 Schouljoeren 2013-2015

Ganz vill Fotoen (an domat Erënnerungen) un déi lescht 2 Joer fannt dir an eiser Fotogalerie.
Klickt einfach op d'Foto fir an d'Galerie ze kommen.

Samstag, 27. Juni 2015

Visp 2015 vum 29.6. bis 4.7.2015

All d'Fotoen an Informatiounen iwwer eise Séjour an der Schwäiz fannt dir ab dem nächste Méindeg op

Mittwoch, 15. Oktober 2014

Mittwoch, 16. Juli 2014

Schöne Ferien - Bonnes vacances - Schéi Vakanz - Bom feriado

Léif Schülerinnen a Schüler,
Elo ass emol Vakanz. Ech mengen et war och Zäit dofir well zum Schluss ware mir alleguer ziemlech midd.
Mir hunn alleguer zesummen gutt geschafft an dësem Schouljoer an d'Wochen sinn immens séier vergaangen.
Mir hu mir ganz vill zesumme geléiert an och vill zesummen erlieft. Ech soen iech all Merci fir déi flott Zäit déi mir bis elo zesummen haten.
Dem Luis, dem Rijad, dem Carla an dem Cyril wënsche mir alles Guddes an hire neie Schoulen!
Ech wënschen iech an ärer Famill eng schéi Vakanz. Erhuelt iech alleguer gudd, dass dir fir de Start an dat neit Schouljoer och fit a gutt erholl sidd. Dat neit Schouljoer 2014/2015 fänkt méindes, de 15. September 2014 ëm 8 Auer un.
Ech hoffen, dass mir eis all gesond a monter am 6. Schouljoer erëmgesinn.
bis dann :-)
Jean-Paul


Jahresabschlussfahrt 2014 des Lernzyklus 4.1 (5. Klasse) ins Ferienhaus "Sandkaul" nach La Panne

Vom Samstag, 12. Juli bis Montag, 14. Juli 2014 verbrachten wir drei schöne Tage in der "Sandkaul", dem Ferienhaus des Luxemburger Roten Kreuzes in La Panne.
Genauso wie im Jahr 2012 hat auch dieses Jahr das Wetter nicht so richtig mitgespielt, so dass wir La Panne teilweise bei Regen erleben konnten.
Besonders das Ende der Dünenwanderung war sehr nass.
Wir bedanken uns bei Conny Feiereisen, Lara Schanet und Liz Beffort für ihre Teilnahme und wertvolle Hilfe bei dieser Klassenfahrt.
Ohne ein gutes und verlässliches Team sind solche Klassenfahrten nicht durchzuführen :-)
Die Fotos sind in zwei Fotogalerien zu sehen. Ein Klick auf die beiden Fotos unten führt euch zur jeweiligen Galerie.

Bildergalerie von Lara


Bildergalerie von Jean-Paul


Sonntag, 13. Juli 2014

13.7.2014: La Panne - Fussball WM


13.7.2014: La Panne AN DER SONN an e

Nomëttes war d'Sonn um Rendez-vous a mir haten en Iwwerraschungsbesuch vum Laura.

13.7.2014: La Panne am Reen

Och zu La Panne kann et reenen...

13.7.2014: La Panne - Dünenwanderung




Samstag, 12. Juli 2014

12.7.2014: La Panne - Strandwanderung


10 km getrëppelt :-)
An lo séier an d'Bett...


12.7.2014: La Panne 2014

Retour an d'Sandkaul no engem SONNEGE Nomëtteg :-)

Den Owend nach eng kleng Strandwanderung.

Vakanz zu La Panne

Mir schécken e schéine Bonjour vu La Panne op Stengefort :-)

Sonntag, 11. Mai 2014

29.4. / 6.5. / 9.5.2014 - Virbereedung op d'Coupe scolaire


Am Verkéiersgaart vun der Police zu Capellen


Sportstonn mat dem Velo (hei am Bësch op der Velospiste fir op Äischen)


Sportstonn mat dem Velo (Ufueren, Slalom, etc...)

30.4.2014: Visite am MNHA - Thema: Metallzeiten


24.4.2014: D'Julie huet beim Raiffeisen Molconcours gewonnen. Félicitatioun! :-)



Freitag, 28. März 2014

28.3.2014: Lokal Finale vum Virliesconconcours an der "al Schmelz"


Am Freitag, den 28. März 2014 versammelten sich alle SchülerInnen des Zyklus 4 unserer Schule im Centre culturel "al Schmelz" um den Gewinner des Vorlesewettbewerbs 2014 für unsere Schule zu bestimmen.
Beste Vorleserin wurde Anne-Marie Scheuer (c.4.2 classe Marie-Jeanne Diederich Kleinbettingen).
Herzlichen Glückwunsch Anne-Marie und ein Dankeschön an alle VorleserInnen.

Dienstag, 4. März 2014

Woch 9 an 10: WP - Stopmotion - Besuch vum Laura bei eis - Sport zesumme mam Laura

13-14: Sport zesumme mat dem Laura


13-14: Besuch vum Laura C. vu Bréissel - Lektüre: Mehr als ein Spiel


13-14: Ophuele vun dem 1. Stopmotion-Film


13-14: WP während der Woch 10




Donnerstag, 23. Januar 2014

Molen wéi an der Steinzeit (Susy)

An der Molstonn beim Susy Linster hunn d'Kanner, nodeems moir d'Thema "Altsteinzeit" behandelt haten, sech selwer als Kënschtler versicht an d'Resultater vun eise "Steinzeitkünstler" sinn hei ze gesinn.
D'Moler vu Lascaux kënne jalous ginn, well si elo net méi déi schéinste Biller molen ;-)

Merci Susy fir d'Opgräife vun dëser Iddi :-)

Klickt op d'Bild fir d'Galerie opzemaachen.


Montag, 23. Dezember 2013

Petzi mat Kalenner a Schoulchorale


Am Laf vum November an Dezember hu mir am "Werken" Petzien mat Kalenner fir 2014 gebastelt.


De Sonndeg, 15. Dezember hunn 9 SchülerInnen aus eiser Klass bei der Schoulchorale matgesongen. Domat ware mir déi Klass, déi am stäerkste vertruede war. Merci fir ären Asaz.